Bauschelt seet MERCI an ënnerstëtzt d'Kënschtler mat der Aktioun
Vun engem Dag op deen aneren huet d’Pandemie eist Gesellschaftsliewe verännert.
Privat berufflech, awer och d’Veräinsliewe gouf op eng haart Gedoldsprouf gestallt.
Gewinnte Manifestatiounen hu missen annuléiert gin well d’Gesondheet vun eis all iewescht Prioritéit haat an och weiderhin huet, an awer hu mir geleiert mat der Pandemie ze liewen an déi gutt Impfstrategie stemmt eis positiv no fir ze kucken.
Dofir hu mir als Gemengevertrieder gemengt et wier elo un der Zait eise Matbierger mol MERCI ze soen,
fir déi méintelaang immens gutt Disziplin, dei an eiser Gemeng een nidderege Positivitéitstaux mam Virus zeréckspigelt.
Well mir keen Nationalfeierdag an keng Commemoratiounsfeier gefeiert hunn, wëlle mir awer elo erëm esou lues am Respekt vun den aktuelle Covid-Mesure mat enger klenger Concertsserie an der fräier Natur starten. 
Mam wonnerschéinen Aussiichtspunkt um Houfels an mat kengem anere musikaleschen Artist wei dem landbekannte Serge Tonnar erwaart Iech een flotten Owend fir sech erëm ze begéinen an e puer flotter Stonne mateneen ze verbréngen.
Är Gemengevertrieder aus der Gemeng Bauschelt
______________________________________________________________________________
Concertsserie mam Serge Tonnar um Houfëls

Trailer  "DE GECK UM HIWWEL" SAISON 2: Concert am Pavillon um Houfels 

Gemeng Bauschelt presentéiert:
Serge Tonnar - De Geck um Hiwwel:
Concert am Pavillon

Fir Chrëschtdag schenken d'Gemeng Bauschelt an de Serge Tonnar Iech e Concert am historesche Pavillon um Houfëls.

"De Geck um Hiwwel", dat ass de Philosoph, dee vun enger gewëssener Distanz aus op d'Mënschen an hiert Liewe kuckt, an dacks, wéi scho beim Platon, als verréckt oder net normal ugesi gëtt, grad wéi de Beatles hiren "fool on the hill".

An dëse verréckten Zäiten, huet d'Gemeng Bauschelt de "Geck" Serge Tonnar op säin "Hiwwel" agelueden, beim wonnerschéinen Aussiichtspunkt um Houfëls.

Mat dëser aussergewéinlecher an nohalteger Zesummenaarbecht wëllt d'Gemeng e Kënschtler vun hei ënnerstëtzen, mat der Natur ronderëm Bauschelt am Mëttelpunkt.

Zesumme wënsche mir Iech all schéi Feierdeeg, mat dësem kulturelle Kaddo um Netz, zougänglech fir jiddereen

Concert zougänglech ab dem 25. Dezember 2021 ab 17 Auer
______________________________________________________________________________
De Geck um Hiwwel
Serge Tonnar
Saison 1 - Episod 3 : HDMG
Saison 1 - Episod 2 : Kiermes a mengem Duerf
Saison 1 - Episod 1 : Muer ass ofgesot
Endeckt d'Natur mam Serge Tonnar, dësen Summer zu Bauschelt
E groussen Merci der Initiativ 
"MIR HALEN EIS DIERFER A WEEËR PROPPER"

Emweltministesch Carole Dieschbourg op Besuch zu Bauschelt

______________________________________________________________________________
Aktioun MERCI
Trailer

Part 1 : Nature & Respect

Part 2 : Dance Battle

______________________________________________________________________________